Heiansdo kann et virkommen dass den accès op Konfiguratioun’s Säit http://letz-clock.local (Web Interface vun der Auer) net funktionéiert, entweder well den internen WiFi Réseau dëst blockéiert, oder (wéi bei mir) wann ee méi wéi eng Lët’z Clock am Betrib huet.
An solch engem Fall ass et nëtzlech d’IP Adresse vun der Lët’z Clock ze kennen, an iwwert dës dann op de Web Interface zeréck ze gräifen.
Déi meescht Haushalter benotzen eng Fritz!Box vun hierem Internet Provider fir den Internet Accès an/och fir den Wifi.
Folgend Punkten beschréiwen wéi een d’IP Adresse vun der Lët’z Clock am Menü vun enger Fritz!Box rëmfënnt:
- Login an d’Fritz!Box
- Entweder per http://fritz.box oder iwwert hier Standard IP Adresse http://192.168.178.1
- Menü “Wi-Fi” -> “Wi-Fi Network” opruffen
- Ënnert “Known Wireless Devices in the Wi-Fi Network” no dem Numm “letz-clock” sichen
- IP Adresse steht dann niewendrun, an dësem Beispill “192.168.178.26”
De Web Interface vun dëser Lët’z Clock ass also och via http://192.168.178.26 ereechbar.