-
Lët’z Clock – Ufuerderunge vun der Stroumversuergung
Fir d’Bedreiwen vun der Lët’z Clock gëtt een USB Netzdeel benéidegt welcht 2A bei 5V liwwere kann. Also quasi all Smartphone Chargeur säit 2016.
-
Neit Joer, nei Faarwen
An den läschte Wanter Wochen huet den 3D Printer alles ginn, Insgesamt 9 nei Faarwen fir d’Lët’z Clock sin dobäi komm: Zesummen mat den original Faarwen Schwaarz a Wäiss gëtt et Lët’z Clock elo an 11 Faarwen! Dir fannt all dës verschidden Auswiel direkt am Online Shop.
-
Lët’z Clock – Bestëmmten Faarwen zoufälleg auswielen
Standardméisseg ännert Lët’z Clock all 5 Minutten hier Faarw aus zoufälleg erstallte Wäerter fir déi 3 Grond Faarwen Roud, Gréng a Blo. Dat kann dozou féieren dass heiansdo eng Faarf ugewise gëtt déi, besonnesch fir déi wäiss Auer, net gudd passen.